Upassung vun de sanitäre Mesuren am Schoulberäich

De Regierungsrot huet decidéiert, déi sanitär Mesuren z'adaptéieren, fir d'Verbreede vum SARS-Cov-2 an der Bevëlkerung anzedämmen. Déi sanitär Mesuren am Schoulberäich goufen entspriechend ugepasst.

Dës Upassungen gesi follgendes vir:

  • d'obligatorescht Droe vun engem Mondschutz ab dem éischten Infektiounsfall an enger Klass;
  • d'Verstäerke vum Testsystem;
  • d'Quarantän fir Persounen, déi weder geimpft nach geheelt sinn an net un de verstäerkten Testmoossnamen deelhuelen.

Weider Informatiounen op: https://men.public.lu/lb/support/coronavirus.html

Aktualiséiert