Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der zwielefter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" kruten hiren Diplom iwwerreecht

2020/2021 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi zwielefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

©INL
Diplomiwwerreechung am INL

D'Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D'Formatioun vun am ganzen 120 Stonne geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt:

  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D'Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum "Lëtzebuergesch als Friemsprooch".

D'Absolvente vum ZLSK kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen weider kënne ginn.

23 Kandidaten hunn 2020/2021 d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) am Institut national des langues mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

A Präsenz vun de Formateuren kruten si an enger Zeremonie am INL vum vum Marc Barthelemy, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, vum Eric Goerens, Direkter vum Service de la formation des adultes, a vum Maisy Gorza, Direktesch vum INL, hiren Diplom iwwerreecht.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Nationale Sproocheninstitut

Aktualiséiert