Livechat mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch

De 16. Dezember  vu 17 Auer u steet de Minister „live“ Ried an Äntwert zum Thema „Schoul a Coronazäiten“.

Am Virfeld vun der Chrëschtvakanz wëll de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend all déi betraffen Acteure vum Bildungssecteur consultéieren zu der Situatioun an de Schoulen a Betreiungsstrukture säit der Rentrée.  

Den Dialog mam Grand public gëtt a Form vun engem Livechat organiséiert. Rendez-vous ass de 16. Dezember vun 17 bis 18 Auer op www.bce.lu/livechat-menje.

D’Froen zu de Schutzmoossnamen an de Schoulen a Betreiungstrukturen, zum Wuelbefanne vun de Kanner a Jonken, zu de Jugendaktivitéiten, oder allgemeng zum Fonctionnement vun de Schoulen a Lycéeën kënnen elo schonn (an och wärend dem Livechat) per Mail erageschéckt ginn op livechat@men.lu, oder als Textmessage (SMS, Whatsapp) op 621 543 543. 

Communiqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend

Aktualiséiert