En neien Hëllefsoutil fir Schüler, Elteren a Léierpersonal beim Léieren doheem

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet en neien Hëllefsoutil en Place gesat fir Schüler, Enseignanten an Eltere wärend dem Aussetze vun de Coursen z'ënnerstëtzen.

D'Helpline 8002 9090 vun der Educatioun hëlleft bei alle Froen iwwert d'Besoinen an d'Suerge vun de Kanner an de Jugendlechen: Wuelbefannen, Léieren a Berodung.

Den Internetsite schouldoheem.lu ënnerstëtzt d'Léieren doheem an d'Ënnerriichten op Distanz vum Léierpersonal. Op dëser Plattform fënnt een zousätzlecht a fakultatiivt didaktescht Material zu den Aufgaben, déi d'Léierpersonal de Schüler ginn huet.

Helpline 8002 9090: gutt honnert Enseignante lauschtere Schüler, Elteren an dem Léierpersonal no.

Schüler aus dem Fondamental an aus dem Secondairean, sou wéi och deenen hir Elteren, kënnen d'Helpline 8002 9090 kontaktéiere fir e pädagogeschen Encadrement ze kréien. Ronn honnert Enseignanten an Experten hale sech do prett fir op Froen iwwert d'Léieren op Distanz an déi verschidde Fächer ze äntwerten. Den Telefonsdéngscht steet an enge 15 Sproochen zur Verfügung.

Eltere kënnen d'Helpline och kontaktéiere fir technesch Hëllef bei der Installatioun an dem Gebrauch vun den Online-Applikatiounen ze kréien.

D'Helpline adresséiert sech och un Enseignanten, déi no Rotschléi siche fir Contenu an Exercicë fir hir Schüler auszeschaffen.

Berodung a psychologesch Begleedung

Elteren a Schüler kënnen op der Helpline 8002 9090 Rotschléi oder psychologesch Begleedung a Fäll vun Isolatioun oder psycho-soziale Problemer kréien. Dëse Service gëtt vu psycho-sozio-edukativen Experte vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS) an anere kompetente Servicer vum Ministère ugebueden.

Adaptéiert Ressourcen a pädagogescht Material fir all Altersklassen

D'Plattform www.schouldoheem.lu bitt vill Contenuen, pädagogesch Ressourcen an technesch Outilen un, déi sech u Schüler vun allen Niveauen adresséieren, esou wéi och un Enseignanten aus allen Disziplinnen. D'Plattform gëtt déi ganzen Zäit mat neie Contenuë gefiddert.

Deeglech "Challenges" fir Schüler

Fir d'Schüler beim Léieren ze motivéiere ginn all Dag national "Challenges" op www.schouldoheem.lu lancéiert, dat als kleng Concoursen. Heibäi kann et sech ëm Problemléisungen, orthografesch Exercicer, Kapprechnen, etc. handelen. D'Gewënner fi mat engem Präis belount.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert