Luc Marteling neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De Luc Marteling gëtt den éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dee mam Gesetz vum 27. Juni 2018 geschaf gouf. Hien ass de Moie vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, vereedegt ginn an iwwerhëlt seng nei Fonctioun den 1. Juli. 

©MENEJ
Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

De Luc Marteling war an de leschte Jore vill am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch engagéiert an huet als Internetjournalist zur Stäerkung vum Lëtzebuergeschen als geschriwwe Sprooch bäigedroen. Den 43 Joer ale Kommunikatiounswëssenschaftler huet nieft dem Zertifikat fir Lëtzebuerger Sprooch a Kultur och Coursen an der Luxemburgistik op der Uni Lëtzebuerg beluecht, huet Lëtzebuergeschcourse ginn an als Editeur an als Auteur och Literatur op Lëtzebuergesch an Iwwersetzunge vu Kannerbicher geschriwwen.

De Minister Claude Meisch huet dem Luc Marteling alles Guddes fir seng Fonctioun gewënscht a sot sech iwwerzeegt, dass den Zenter e wichtege Pilier an der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch wäert ginn.

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch këmmert sech ëm d’Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg grad wéi ëm d’Promotioun vum Lëtzbuergeschen hei am Land an doriwwer eraus. En dokumentéiert och d’Lëtzebuerger Sprooch, absënns hir Geschicht, hir Dialekter an de villsproochege Kontext. Donieft organiséiert den Zenter Ausstellungen a Konferenzen. D’Aktivitéiten an d’Equipe vum Lëtzebuerger online Dictionnaire (LOD) ginn an den Zenter integréiert an den LOD, grad wéi d’Servicer ronderëm, ginn an den nächste Jore stänneg ausgebaut an ugepasst. 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert