De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet eng nei Presidentin

De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) souz den 20. Mäerz 2019 ënnert der Leedung vun der neier Presidentin Myriam Welschbillig beieneen. Si gouf an hirer neier Fonctioun vum Educatiounsminister Claude Meisch begréisst, dee gläichzäiteg dem President vu bis elo an neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, Merci gesot huet fir säi Engagement un der Spëtzt vum CPLL. De Conseil huet och en neie Member kritt an der Persoun vum Max Kuborn, fréiere Journalist a Lëtzebuergesch-Formateur an der Erwuessenebildung. 

©MENEJ
De Claude Meisch mat de Membere vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch

 

De Claude Meisch ass op den Engagement vun der Regierung an der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch agaangen an op déi verschidden nei Instrumenter, déi per Gesetz geschaf goufen, notamment de Poste vum Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch oder den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De Minister huet ënnerstrach, dass de CPLL och an Zukunft e wichtegt Sproochrouer bleift an seng konsultativ Missioun néideg ass.

De CPLL huet a senger Sëtzung d'Propos fir déi nei Lëtzebuerger Schreifweis iwwerschafft. Dës wäert nach eemol an eng ëffentlech Consultatioun goen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert