Verlängerung vum Aussetze vun de Course bis den 3. Mee 2020: Efforte fir de schoulesche Parcours vun alle Schüler z'assuréieren

Den 2. Abrëll 2020 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch, dem Ministère seng Ambitiounen am Kader vum Aussetze vun den Aktivitéiten am Beräich Educatioun, déi vun der Regierung bis den 3. Mee 2020 abegraff verlängert gi sinn, annoncéiert.

©SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

Eng Rei vu Mesurë goufen decidéiert, fir dass all Schüler säi Schouljoer an aller Form ka fäerdeg maachen an a sengem schoulesche Parcours virukënnt.

De Minister huet als alleréischt den enormen Engagement an d'Flexibilitéit vum Léierpersonal, den Elteren an de Schüler begréisst. "Mir hunn et fäerdegbruecht eis zesummen ze dinn an zesummen ze schaffen, an eis Efforten am Intressi vun de Kanner ze vereenegen", huet de Claude Meisch sech gefreet.

D'Kris am Kader vum Coronavirus huet d'Schoul vun haut op muer virun d'Erausfuerderung gestallt, all de Schüler Schoul iwwer Distanz unzebidde fir d'Kontinuitéit vum Léieren z'assuréieren. Dat ass awer just méiglech wann een déi perséinlech a familiär Situatioun vu jiddwerengem a Betruecht zitt.

Dat ass de Grond firwat d'Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal, de Schüler an den Elteren esou ausschlaggebend ass.

De Minister huet och präziséiert, dass och wann d'Schoul zou ass, d'Schüler awer der Schoulflicht ënnerleien. Net un der Schoul op Distanz Deel huelen, heescht d'Schoul schwänzen.

Déi nei Technologien am Déngscht vun der Schoul op Distanz

D'Aussetze vun de Course vum 16. Mäerz un huet eng reegelrecht Dynamik ausgeléist wat d'Efforten an der Digitalisatioun vum Léieren uginn. Déi nei Technologien sinn net nëmmen e Kommunikatiounsmëttel, mä och eng Méiglechkeet fir modern pedagogesch Inhalter besser ze léieren. Déi Klassen, déi dës Medie scho méi laang benotzen, sinn op deem Gebitt e Schrëtt viraus. Déi aner hunn de Retard séier opgeholl. "Dës Kompetenze sinn net verluer, wa mir erëm zeréck an de Klassesall ginn" schätzt de Minister.

Op eng Ëmfro hin iwwert d'Léieren op Distanz koumen 17.000 Äntwerte vun Elteren a Léierpersonal eran. Et koum dobäi eraus, dass bal 9 vun 10 Eltere sech wuel spiere mat de Mëttel déi d'Léierpersonal an de Ministère zur Verfügung stellen.

Déi méi schwaach Schüler erreechen

E besonnescht Uleien gëllt deenen, déi am schwächste sinn, also virun allem déi Schüler, déi wärend deenen éischten dräi Woche vum Aussetze vun de Coursen net konnten erreecht ginn, sief et duerch e Manktem un informateschem Material, dem familiären Encadrement oder der Kapazitéit alleng ze léieren. Et sinn nei Mesurë virgesinn, fir dës Schüler z'erreechen, an dat mat Hëllef vun den Equippen déi Schüler mat besonnesche Besoinen an de Grondschoulen ënnerstëtzen a mat Hëllef vun de psycho-soziale Servicer fir schoulesch Begleedung (SEPAS - services psycho-sociaux et d'accompagnement scolaires) an de sozio-edukativen Servicer (SSE - services socio-éducatifs) am Enseignement Secondaire.

Zwou Woche "Vakanz doheem"

Wärend der Ouschtervakanz ass kee Schoulprogramm virgesinn. Dës zwou Woche "Vakanz doheem" wäerten de Famillen an dem Léierpersonal et erlaben sech ze entspanen, déi virtuell sozial Kontakter ze fleegen an nei Aktivitéiten z'entdecken. Inspiratioun a Rotschléi fënnt een op www.schouldoheem.lu, www.kannerdoheem.lu an um Site vum nationale Jugendservice SNJ, opwww.snj.lu.

Den Detail vun de Mesuren am Kader vun der Verlängerung vum Aussetze vun den Aktivitéiten bis den 3. Mee abegraff, kann een am Pressedossier am Annex noliesen.

Aktualiséiert