Fir eng geliefte Sproochpraxis vum Lëtzebuergeschen

De 15. November 2019 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng kohärent Offer fir d'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, zesumme mam Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling, dem Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, an der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig.

©MENEJ
(v.l.n.r) Myriam Welschbillig, Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Michel Weimerskirch, Grënner vu Spellchecker.lu

 

D'Lëtzebuerger Sprooch ass en Erfollegsmodell. Den Interessi un eiser Sprooch ass esou grouss wéi nach ni. Mir schwätzen, liesen a schreiwen op Lëtzebuergesch, net just am privaten, mee och am beruffleche Liewen.

D'Lëtzebuerger Orthografie: méi kloer, méi kohärent

De Wëllen, fir korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen, ass an der Lescht an der Lëtzebuerger Gesellschaft ëmmer méi heefeg ëffentlech geäussert ginn. En éischte wichtege Schrëtt war dofir, am Beräich vun der norméierter Schrëftsprooch, der Orthografie, eng eenheetlech a kohärent Basis ze schafen.

Dofir steet elo eng Offer un uspriechende Materialien an Online-Outilen zur Verfügung, op déi jidderee kann zeréckgräifen, deen eis Sprooch wëll schreiwe léieren, egal ob am Sproochecours oder am eegestännege Léierprozess. Et handelt sech dobäi ëm d'offiziellt Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie, dat aktualiséiert a completéiert gouf, an ëm d'Léierwierk vum Josy Braun, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire an dem Spellchecker.lu, déi och ewell un déi aktualiséiert Schreifweis ugepasst sinn.

An der Schoul, an der Erwuessenebildung, digital: eng méi breet Offer, fir Lëtzebuergesch ze léieren

Niewent de passende Léiermaterialien ass e weidere Schwéierpunkt vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, eng breetgefächert Offer u Coursen ze schafen, fir eis Sprooch verstoen, schwätzen oder schreiwen ze léieren. Am Enseignement secondaire gëtt dofir op den ieweschte Klassen 2021 en neit Fach „Lëtzebuergesch“ agefouert. Déi bestoend Offer u Lëtzebuergesch-Coursen uechter d'Land gëtt ausgebaut an um Institut national des langues gëtt eng digital Plattform mat Online-Coursë geschaf, déi besonnesch den erwuessenen Apprenantë mat beruffleche Contraintë wäert entgéintkommen.

All lieweg Sprooch ännert an evoluéiert am Laf vun der Zäit. Wa mir d'Roll vum Lëtzebuergeschen an eiser Gesellschaft wëllen nohalteg sécheren, musse mer eise Bléck esouwuel no hanne geheie wéi no vir riichten. No hannen, andeems mer de Räichtum vun eiser Sprooch an hirer Entwécklung dokumentéieren, ënner anerem an engem etymologeschen Dictionnaire an engem Dictionnaire vun den ale Wierder. No vir, andeems mer der Lëtzebuerger Sprooch eng verdéngte Plaz an der virtueller Welt ginn, z. B. am Beräich vun der Sproocherkennung oder vu Sproochassistenten.

Weider Akzenter vun den Efforten, fir eng gäre geliefte Sproochpraxis och weiderhin ze sécheren, sinn am Pressedossier resüméiert.

 

Aktualiséiert