Attributiounen
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass déi Verwaltung, déi d'Politik vun der Regierung an de Beräicher Bildung, Kanner a Jugend ausschafft an duerchféiert.
Noriichten
-
Neierungen 2025
Eng Rei gesetzlech a reglementaresch Bestëmmungen, déi de Bierger direkt betreffen, trieden 2025 a Kraaft. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.
-
Jonker staark maachen: Eng ambitiéis Politik fir en dynamesche Jugendsecteur
De 16. Dezember 2024 huet de Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d'Prioritéite fir d'Jugendpolitik virgestallt.
-
Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie (ZLO): en neien Outil, fir seng Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie ze testen an unerkennen ze loossen
Den 11. November 2024 hunn de Kulturminister, Eric Thill, an de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesummen den ZLO (Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie) presentéiert. Et handelt sech ëm en neie standardiséierten Test, dee ...
-
Fir eng gesond "Screen-Life-Balance” vun eise Kanner
Digital Medien huelen eng ëmmer méi wichteg Plaz an eiser Gesellschaft an. Si vereinfachen eis den Alldag a bidden eis nei Méiglechkeeten, mee si kënnen och negativ Auswierkungen op eis mental a physesch Gesondheet hunn, ...
Aktualiséiert den