-
"Froen zum Lycée": déi éischt Podcast-Serie vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Am Kader vun der drëtter Editioun vun der YEP!-Schoulfoire, lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend mat de Podcasts "edutalk" en neie Kommunikatiounskanal. Déi éischt Podcasts presentéieren déi schoulesch Offer vun de Lëtzebuerger Lycéeën.
-
MATHI – eng nei Method fir Mathematik an engem méisproochege Kontext ze léieren
Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, un der offizieller Presentatioun vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen deelgeholl.
-
Rentrée am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg
Fir méi wéi 8.000 Interessenten, déi eng nei Sprooch entdecken oder hir Sproochekenntnisser verbessere wëllen, war en Dënschdeg, 20. Februar 2024, d'Rentrée.
-
Virstellung vum Whitepaper iwwer de neie Plan d'études fir den Enseignement fondamental
En Dënschden, den 3. Oktober 2023, ass de Whitepaper iwwer de neie Plan d'études an der Grondschoul um Forum Geesseknäppchen a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Luc Weis, Direkter vum Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (SCRIPT) virgestallt ginn.
-
Neies fir d'Rentrée am ZLS: Wuertschatz Band 5 iwwer d'Jéinescht, e neie Spellchecker a Verbesserunge bei Schreifmaschinn.lu
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! Esou heescht de fënnefte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz, déi den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch zesumme mam Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) erausgëtt.
-
Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Déi nächst Statioun ass Miedernach
Vum 3. bis den 9. September 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" all Dag an der Sportshal zu Miedernach ze gesinn. D'Adress ass: Millewee, L-7661 Miedernach.
-
D'Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" wandert weider op Ëlwen
Vum 5. bis den 9. August 2023 ass d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" zu Ëlwen all Dag vu 14 bis 18 Auer am Kulturzenter op 20, rue de Binsfeld ze gesinn. D'Ekipp vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass all Dag op der Plaz, fir d'Visiteuren duerch d'Ausstellung ze féieren.
-
Offiziell Aweiung vum Eltereforum zu Beetebuerg
Den 18. Juli 2023 huet de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend den zweete regionalen Eltereforum zu Beetebuerg offiziell ageweit. Déi offiziell Aweiung vum éischten Eltereforum war den 8. Februar 2023 zu Nidderaanwen.
-
Bilan vum Pilotprojet "Zesumme wuessen - Alphabetiséierung op Franséisch"
Den 19. Juli 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, eng Bilanz vum Pilotprojet vun der Alphabetiséierung gemaach, deen am Ufank vum Schouljoer 2022/2023 a véier Grondschoule lancéiert gouf.
-
D'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Belle Etoile
Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. De Vernissage ass den 12. Juli 2023 ëm 13 Auer a Presenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an de Verantwortleche vun der Belle Etoile.
-
"Upbooking": schenk denge Schoulbicher en zweet Liewen
Mam Enn vum Schouljoer ginn och vill Schoulbicher net méi gebraucht. Oft endege se doheem als Stëbsfänkert an engem Schaf oder si ginn esou guer ewech gehäit. Doduerch gëtt d'Ëmwelt staark belaascht.
-
Presentatioun vun der Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)"
En Donneschdeg den Owend, den 29. Juni 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an der Abtei Neimënster presentéiert.
-
eduGuichet: Een Online-Guichet fir déi national Educatioun
Den 26. Juni 2023 huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den eduGuichet, eng digital Plattform, déi den Zougang zu zuelräichen digitale Servicer fir Elteren a Schüler federéiert.
-
Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900
"E Monument fir eis Sprooch." Esou nennt de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, deen neie Sproochatlas vum Alain Atten a Claude Schmit. Den 19. Juni 2023 gouf en am Forum Geesseknäppche virgestallt.
-
Eng Schoul fir jiddereen - eng Campagne fir op déi schoulesch Inklusioun opmierksam ze maachen
D'Schüler an hir Elteren, mee och d'Personal vun der Éducation nationale iwwer d'Méiglechkeete fir déi schoulesch Inklusioun vu Schüler mat spezifesche Besoinen ze sensibiliséieren an ze informéieren, esouwéi déi inklusiv Educatioun ze fërderen, dëst sinn d'Ziler vun der neier Sensibiliséierungscampagne "Eng Schoul fir jiddereen".
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- ...
- Lescht Säit