COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. November bis de 5. Dezember

An der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.373 op 2.699 geklommen (+14%).

Vun den 2.699 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 662,67 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 305,48 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persoune méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impfschutz.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 24 vun de 50 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (26 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg waren 8 vun de 16 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember duerchgefouert goufen, ass vu 27.439 op 30.268 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 35 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 60 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 576. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 5. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.098 geklommen, am Verglach zu 4.269 den 28. November, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 83.967 op 85.726 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vu 33,4 Joer op 33,2 Joer liicht erofgaangen.

An der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember, goufen et 11 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 84 Joer.

An de Spideeler goufen et 50 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 43 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 11 op 16 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 58 op 64 Joer geklommen.

Positivitéitstaux  an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,03 géintiwwer 1,16 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 8,92%, géintiwwer 8,65% an der Woch virdrun, geklommen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 425 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 374 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen, ausser an der Kategorie vu 75+ Joer (-14%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 15-29 Joer (+22%) a vu 60-74 Joer (+14%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 758 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 147 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 29. November bis den 5. Dezember, ware 5.066 Persounen an Isolatioun (+25%) an 8.760 a Quarantän (+9%).

Kontaminatiounen

Fir déi 2.699 nei Fäll (tëschent dem 29. November an dem 5. Dezember 2021 enregistréiert) bleift de Familljekrees (36,3%) déi heefegst Source vun den Infektiounen, duerno kommen d'Bildung (19,0%) - haaptsächlech Primärschoulen (13,9%) - d'Aarbecht (7,4%) an d'Fräizäitakivitéiten (5,0%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (27,3%).

Zenario 4 an der Grondschoul zu Miersch

De 25. November, gouf ee Schüler aus enger Klass vum Cycle 3.2 positiv getest. An der nämmlechter Klass goufen den 28. November 4 an den 29. November 2 weider Kanner positiv getest. D'Klass gouf bis den 3. Dezember a Quarantän gesat.

Donieft ass eng héich Unzuel u positive Fäll am Centre scolaire "Raoul Follereau" zu Kietscht an an der Grondschoul zu Réiden opgetrueden. D’Entwécklung gëtt opmierksam iwwerwaacht.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember, goufen am Ganzen 32.959 Dosissen aginn. 3.530 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.398 kruten déi 2. Dosis an 26.031 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 7. Dezember op 940.551.

434.615 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 78,6% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

"Booster"-Impfung:  Temporär Reouverture vun engem 4. Impfzenter am Hangar vu der Luxembourg Air Rescue (LAR) um Findel.

Fir all, de Persounen, déi fir eng COVID-19 "Booster"-Impfung eligibel sinn, eng weider Impf-Méiglechkeet ze bidden, huet d'Regierung decidéiert den Impfzenter vun der Luxembourg Air Rescue (LAR) um Findel temporär nees opzemaachen. Den LAR-Impfzenter geet e Freiden, den 10.Dezember op. Eenzelheeten zu den Auerzäite kënnen um Site www.covidvaccination.lu consultéiert ginn.

Et sief drun erënnert, datt den LAR-Impfzenter ausschliisslech fir Booster-Impfungen déngt, déi op Rendez-vous gemaach ginn.

Selbstverständlech ass et méiglech d'Booster-Impfung och ouni Invitatioun vun der Regierung bei engem Hausdokter oder an enger "Pop up" Impfstatioun ze  kréien. 

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf- Méiglechkeeten  ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all de neien temporären Impf-Plazen, déi vun Dag zu Dag erweidert a kontinuéierlech aktualiséiert gëtt, kann een um Internetsite www.covidvaccination.lu consultéieren

IMPF'O'DAY - "Lët'z talk about vaccination": B2B an B2C Konferenz iwwert COVID-19-Impfung.

Am Kader vun der Impfwoch, organiséiert de Gesondheetsministère dëse Samschden, den 11. Dezember am European Convention Center (ECCL) den IMPF'O'DAY Dag, deen aus zwou Konferenze mat Debatte besteet, un deene verschidden Experten aus dem Gesondheetsberäich deelhuelen, fir iwwert d'COVID-19-Impfung ze debattéieren an op d'Froen aus dem Publikum ze äntweren.

D'Konferenz moies ass fir d'Personal aus dem Gesondheetsberäich, wärend d'Konferenz mëttes fir d'Ëffentlechkeet ass.

Ënnert den Experten déi un den zwou Konferenzen deelhuelen, sinn den Dr Charles Benoy, den Dr Thomas Dentzer, de Christophe Dohm (Infirmier), Dr Isabel De La Fuente Garcia, den Dr Claude Muller, den Direkter vun der Santé, den Dr Jean-Claude Schmit, den Dr Gérard Schockmel an d'Annick Schons (Infirmière).

D'Participatioun un de Konferenzen ass gratis.

Zousätzlech Informatiounen iwwert d'Konferenze fannt Dir ënnert dësem Link: https://impfen.lu/impfoday/

Inzidenz-Taux vu positiv geteste Persounen no Impfstatus

Dee fir d'Iwwerwaachung vum COVID-19 zu Lëtzebuerg ageriichte System gëtt kontinuéierlech ugepasst, fir Indicateuren z'erstellen, déi d'Entwécklung vun der Epidemie an Echtzäit reflektéieren.

Säit dem 6. Dezember 2021, gëtt den Inzidenz-Taux vun den Neiinfektioune jee no Impf-Status an den Dages-Rapporten presentéiert. Dës Neiinfektioune betreffe just Persounen, déi duerch e PCR-Test positiv getest goufen. Deementspriechend ginn och d'Indicateure vum deegleche Rapport um www.covid19.public.lu ugepasst.

Den Excel-Fichier vum Inzidenz-Taux vu positiv geteste Persounen no Impfstatus gëtt all Freiden Enn des Dages um Site www.data.public verëffentlecht.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 29. November bis de 5. Dezember ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen SARS-CoV-2 Stréim op, déi en änlechen Niveau hunn, wéi déi vun der Woch virdrun, woubäi sech d'Signal op engem héije Niveau stabiliséiert. Eng änlech Tendenz ass och op regionalem Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert