Interview vum Max Theis (RTl Radio Lëtzebuerg):
Max Theis: Deen huet jo de Moment eng Partie Dossieren an der Aktualitéit, an iwwert déi schwätze mir elo. Claude Meisch, gudde Moien.
Claude Meisch: Gudde Moien.
Max Theis: Här Meisch, ech wéilt ufänke mat den Diskussiounen iwwert d’Terminalsklassen. A la base huet et geheescht, déi Stonnen déi um Enn vum Joer net geleescht ginn, ginn net méi bezuelt. Dir hutt Iech gëschter mat den 3 concernéierte Gewerkschafte gesinn an hinnen erkläert, datt den Oral an d’Tâche integréiert gëtt. D’Korrektioune gi besser bezuelt. Konnt Dir d’Gewerkschaften domatter berouegen?
Claude Meisch: Initialement ass et mir emol dorëms gaang, datt mir och an der Education nationale e Bäitrag leeschten zu deem Zukunftspak. Wa mir am ganze Land mussen ëmdenken op eenzelne Punkten, da muss och d’Education nationale dat op eenzelne Punkte maachen.
Eng éischt Propose war d’Verréckele vun der Altersdécharge. Do hunn d’Gewerkschafte ganz kloer gesot, dat ass mat eis net ze maachen. Wat een zum Deel ka verstoen. Mir sinn op d’Sich gaangen no anere Weeër.
Hei am Secondaire ass et eben da fir nach just déi Stonnen ze bezuelen op de Classes terminales, déi och wierklech geleescht goufen. Natierlech ware mir och direkt d’accord fir ze soen, wa mir dat maachen, da musse mir och wierklech dat bezuele wat geleescht gëtt, an dat och anstänneg bezuele wat geleescht gëtt. Dofir hu mir och festgestallt, datt d’Enseignanten – wéi op ville Plazen eigentlech an eisem ganze Schoulsystem – och Aarbechten iwwerhuelen déi eigentlech net permanent remuneréiert ginn, wou net permanent d’Stoppauer matleeft wou se dat maache well se einfach gesinn, dat doten dat muss gemaach ginn.
An datt mir virun allem dann elo ronderëm d’Classes terminales eng nei Regelung brauchen, datt wann déi eng Stonnen net méi bezuelt ginn, datt aner Aarbechten iwwerholl ginn, bezuelt ginn, respektiv an d’Tâche mat agebaut ginn, wéi déi Oralen, wéi awer och d’Correctioun vun de Kopië vun den Ofschlossexamen.
An ech denken, datt mir domatter e korrekte System hunn, e faire System hunn; datt deen deen Aarbecht leescht, datt deen déi och korrekt bezuelt kritt.
Wéi dat elo iwwerall ukënnt. Mir hate gëschter d’Gewerkschaften do. Bei deenen engen do huet ee gemierkt, datt dat éischter novollzu ginn ass, bei aneren e Stéck wäit manner.
Mir hoffen elo, datt mir virun allem konnte berouegen, an datt Rou an d’Schoul era kënnt, datt mir eis eigentlech net méi an den nächste Wochen a Méint ëm déi dote Froe musse këmmeren, mä datt mir wierklech erëm un dat Essentiellt kënne goen ëm dat et geet an der Educatioun. Nämlech wéi verbessere mir eise System? Wéi kënne mir de Schüler besser hëllefen? Wéi musse mir eis Schoul opstellen, fir datt mir deenen enorm villen Aufgaben déi mir hunn, mir als Schoul am grousse Ganzen, am ganze System, awer och déi eenzel Enseignanten an der Klass, fir datt mir do besser gewappnet sinn?
Max Theis: D’Zil war et ze spueren. Wat gëtt da gespuert?
Claude Meisch: Et wäerten ënnert dem Stréch ronn eng 4 Milliounen agespuert ginn. Dat ass momentan nach méi wéi an dem Zukunftspak prognostizéiert war. Allerdéngs wësse mir awer och, datt eng Rei vun zousätzlechen Aufgaben, och am Secondaire, op eis wäerten duer kommen. Sou datt mir eis do eng kleng Reserve och nach gehalen hu fir déi och an den nächste Méint kënnen an d’Diskussioun mat eran ze huelen, fir och erëm ze reinvestéieren.
Well, wéi ech gesot hunn, déi nächst Méint musse mir eis wierklech erëm dorëms këmmeren, net wéi gi mir mam Geld ëm, oder wéi rechne mir Stonnen, mä wierklech, wéi kënne mir d’Schoul besser organiséieren.
Max Theis: Et war jo och een Ament Rieds, datt déi Stonnen déi net geleescht ginn an den Terminalsklassen um Enn vum Joer vläicht iwwert de Rescht vum Joer kënne verdeelt ginn. Ass dat och eng Iddi?
Claude Meisch: Dat ass sécherlech méiglech. Dat muss herno och all eenzelnen Enseignant och selwer kucken.
Ech denken, datt dat bei deenen allermeeschte wäert de Fall sinn. Wa mir virun allem elo den Oral consideréieren, d’Preparatioun op den Oral, dat iwwert d’Joer wäert geleescht ginn, dann hu mir do mol schonn e gudde Schrëtt gemaach an déi dote Richtung. An d’Direktiounen oder déi déi d’Schoul organiséieren, fir dat nächst Schouljoer 2015/2016, wou dat dote wäert a Kraaft sinn, déi wäerten dat sécherlech mat consideréieren.
Et huet och den Effet, datt mir doduercher herno manner Chargés de cours zousätzlech an eisem System wäerte kréien, also mat méi diploméiertem Personal wäerte kënne schaffen, an dat fannen ech nu wierklech ganz positiv fir eise Schoulsystem.
Max Theis: De Boykott vun den Examenskommissioune war am Gespréich. Mengt Dir, dee wier vum Dësch?
Claude Meisch: Ech hoffen, datt Rou an de System era kënnt. Ech hoffen, datt mir eis op dat Essentiellt elo erëm kënne konzentréieren.
Ech hoffen och, datt mir Vertraue kënnen opbauen. Vertrauen kënnen opbauen tëschent der Politik, der Schoul an den Enseignanten. Vertrauen awer och kënnen opbauen tëschent der Schoul an der Gesellschaft. Well ech mierken, datt mir e grousse Gruef an der Gesellschaft eigentlech hunn, datt wéineg Versteesdemech do ass fir Leit déi net an der Schoul schaffen, fir d’Schoul, awer och fir Leit déi an der Schoul schaffen heiansdo fir de Rescht vun der Gesellschaft.
A mir missten eis alleguerten e Stéck wäit méi op maachen, e Stéck kucken, wat leescht d’Schoul wierklech? Wat sinn d’Aufgabe vun der Schoul haut? Wéi komplex sinn déi Aufgabe vun der Schoul haut? Wat ass wierklech den Dagesoflaf, de Joresoflaf, den Aarbechtsrythmus, d’Intensitéit och vun deem Rythmus vum Enseignant?
An déi Leit déi an der Schoul schaffen, natierlech och kucken, wat geschitt ronderëm eis, an d’Schoul net als isoléiert Element vun der Gesellschaft gesinn, mä als en Element wat fir d’Gesellschaft schafft.
Mir enseignéieren, mir bilde jonk Leit aus. Dat ass kee Selbstzweck, mä dat ass fir der Gesellschaft ze hëllefen, fir datt déi Leit herno Verantwortung an där Gesellschaft kënnen iwwerhuelen. Dofir dierfe mir dat net lassgeléist vun där Gesellschaft maachen. An ech wär frou [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Mä grad déi Fro vum Respekt a vun der Unerkennung musst Dir Iech u sech gefale loossen. Verschidde Gewerkschafte fille sech virgefouert vun Iech, un de Pranger gestallt. Et géif een d’Gefill ginn, si géifen net genuch schaffen. Ech soen, déi Fro gëtt jo awer och un Iech direkt adresséiert.
Claude Meisch: Dat ass sécherlech op Grond vun där enger oder anerer Äusserung esou verstane ginn. Dat deet mir och Leed, datt dat sou verstane ginn ass, well ech op där anerer Säit awer och gesinn, an zanter engem Joer wou ech déi Responsabilitéit hei hunn, gemierkt hunn, datt enorm vill geleescht gëtt, datt enorm vill Innovatioun an eise Schoulen ass, wou kaum driwwer geschwat gëtt dobaussen, wat kaum präsent och an de Medien ass.
Mir schwätzen dann an de Medien zum Beispill, oder wann et dorëms geet e puer Stonnen ëmzeverdeelen, doriwwer schwätze mir. Mir schwätzen awer net wat alles nei erfonnt gëtt an der Schoul Dag fir Dag, wou ech gemierkt hunn, datt eigentlech d’Politik hannendru leeft, datt d’Politik net muss d’Innovatioun op den Terrain bréngen, well d’Innovatioun ass scho laang um Terrain. An datt mir och bei eenzelne Schoulreforme mussen oppassen, datt mir déi Leit net decouragéieren déi all Dag d’Äerm erop strëppen a kucken dat bescht ze maachen, an datt mir hinnen op emol virginn wéi se wierklech am Detail misste schaffen.
An da kënnt dat heiansdo esou eriwwer, datt duerch déi Virgaben do fonnt gëtt, datt mir onzefridde wier mat där Aarbecht. Do muss d’Politik och nach ëmdenken, do muss ech selwer vläicht och nach e Stéck wäit ëmdenken. A mir sollen eis wierklech heiansdo d’Méi maachen an d’Schoulen eran ze kucken an ze lauschtere wat do ofleeft.
Max Theis: Dir hutt d’Stonnepläng elo ernimmt. Am Fondamental plangt Dir jo och Ännerungen. D’Iddi ass en uniforme System mat enger halwer Stonn Paus moies a Coursen déi ëmmer 55 Minutten daueren. Méindes a Mëttwochs soll et vu 4 bis 5 eng Stonn Appui ginn. Är Pläng sinn net onbedéngt iwwerall gutt ukomm. Ginn d’Kanner net scho genuch an d’Schoul?
Claude Meisch: Also, ech sinn elo déi lescht 3, 4 Wochen intensiv a Gespréicher gewiescht mat den Inspekteren, mat de Presidente vun de Schoulcomitéeën. Mir wäerten och elo nach doriwwer diskutéiere mat den Enseignantsgewerkschaften.
An et war jo mol fir eng éischt Propose ze maachen. Mir stinn hei am Ufank vun engem Prozess a sécherlech nach net am Ofschloss. An et muss ee kucken, wat wëlle mir erreechen? Wat sinn nach eng Rei vu Problemer?
An de leschte Joren a Joerzéngten ass déi effektiv Schoulzäit fir d’Kanner ëmmer erof gaangen. Ech hunn awer nu wierklech net matkritt, datt mir mat de Programmer deem entspriechend erof gaange wären. Datt déi Aufgaben déi d’Schoul soll iwwerhuelen erof gaange wären. Et ass éischter de Contraire de Fall. Bei all gesellschaftlechem Problem gëtt och gesot, d’Schoul muss dat dote léisen an och schonn d’Grondschoul soll dat dote léisen. Mir brauchen also méi Momenter an der Woch, oder méi Zäit an der Woch wou den Enseignant wierklech och bei senge Kanner an der Klass ass.
Ech hunn héieren, datt mir ganz vill administrativen Opwand hunn, datt mir d’Enseignanten heiansdo vum Schoulhalen ofhalen, well se vill aner Aufgaben ze erfëllen hunn, doriwwer musse mir schwätzen.
Ech héieren, datt, wéi d’Schoule sech zum Deel organiséieren haut, d’Moyenen net méi richteg hu fir déi Hëllefsprogrammer déi haut en place sinn, fir déi kënnen weider ze féieren. Do geet et ëm de Contigent, et geet och ëm eng Méiglechkeet dee Plan de réussite scolaire, deen all Schoul mécht, fir deen och wierklech kënnen a Musek ëmzesetzen. Do brauch ee Ressourcen. Haut huet een entweder keng Méiglechkeeten, keng zousätzlech Stonnen zegutt fir dat ze maachen, oder e Grapp voll Stonnen. Dat geet vir an hannen net duer.
Ech héieren och, datt mir spezifesch Problemer hu bei eenzelne Schüler déi ganz Dys-Dys-Problematik wou mir keng kohärent Äntwert iwwert d’ganzt Land drop hunn. Datt mir ëmmer méi Verhalensopfälegkeeten och bei de Schüler mierken, vläicht well mir e bësse méi genau hikucken, vläicht och well sech de Liewensrythmus vun de Kanner scho ganz staark geännert huet. Och do mengen ech musse mir méi Spezialisten an d’Schoul era kréien wéi mir dat haut hunn.
Max Theis: Mä déi Stonn Appui intégré, do ass jo eng Plaz wou dat och soll geschéien. Mä deen Appui intégré wéi soll deen dann iwwerhaapt ausgesinn?
Claude Meisch: Ma mir denken och, datt mir eng aner Problematik nach hunn, déi ech bis elo nach net ugeschwat hunn, dat ass d’Hausaufgaben. Mir hu villes an eisen Texter stoe wou ech awer elo feststellen, dat gëtt an der Praxis eigentlech net esou respektéiert. Doriwwer musse mir eng Kéier diskutéieren, wat fir eng Hausaufgabe wëlle mir, wat mussen se leeschten, an awer och, wéi begleede mir d’Schüler dohinner.
Ech denken, datt mir méi Efforten nach musse maachen, datt d’Schüler eegestänneg kënne schaffen, datt mir awer och als Schoul insgesamt musse kucken, datt eng gerecht Situatioun ass fir all Kand. Dat eent kritt doheem besser gehollef wéi en anert Kand. Mir mussen also och deem Mesuren en place setzen.
Mir hunn nach ëmmer individuell Stäerkten a Schwächten an der Klass. Mir hunn heiansdo Klasse wou mir och mierken, an engem Fach ass e gewëssene Retard do; dat soll deen Appui intégré wa méiglech opschaffen.
Mir hunn eng Propose gemaach fir dee vu 4 bis 5 ze setzen. Dat ass wéi gesot awer alles eng Propose. Mir hu vill diskutéiert.
Et sinn och ganz gutt Virschléi op den Dësch komm, virun allem an den Diskussioune mat de Schoulpresidenten, am Laf vun deene leschten 2, 3 Wochen, wou mir ganz intensiv wäerten elo mussen driwwer nodenken. An ech denken, datt mir mat engem zweete Worf, en zweeten Entworf dee mir deemnächst wäerten an d’Diskussioun bréngen, sécherlech scho Munches nach wäerte verbessert hunn.
Max Theis: Wat kéim dann nach a Fro fir deen Appui? Wou kéint Dir Iech deen nach virstellen?
Claude Meisch: Ma ech stelle mir virun allem vir an Terme vun Appui, datt mir dat och iwwert de PRS eran huelen, also iwwert de Plan de réussite scolaire, wou d’Schoul an hirer Schoulautonomie muss d’Detektioun maache vun de Problemer déi se hunn an hirer Schoul, an hirem Quartier, mat hire Kanner déi do an d’Schoul ginn. Well dat ass landeswäit extrem ënnerschiddlech. An och kucke wéi si als Schoul, als Schoulcommunautéit, als ganze Grupp vun Enseignanten, do eng Äntwert gëtt.
Dat hu mir haut an deem Plan de réussite scolaire ugeluecht. Dat ass awer éischter sou e Randphänomen e bëssen an de Schoulen. Ech wëll dat an den Zentrum setze vun der Schoulentwécklung. An dofir wëll ech awer och Moyenen zur Verfügung stellen.
Ech hunn haut als Minister 500 Stonnen déi ech de Stonne kann zur Verfügung stelle fir déi Plans de réussite scolaire ëmzesetzen. Dat si mol an der Moyenne keng 4 Stonnen d’Woch. Dat ass en halwen Dag, wou den Enseignant vläicht zousätzlech an eng Schoul erakënnt fir dat ze maachen. Dat geet net.
Dofir musse mir och ëmverdeelen, Ressourcen ëmverdeelen, an do der méi hikréien. Datt mir do deene spezifeschen Aufgaben awer och op eng koordinéiert Aart a Weis an der Schoul kënne gerecht ginn.
An datt mir d’Méiglechkeet hu fir zousätzlechen Appui vu baussen ze kréie vu Spezialisten. Dat mussen net onbedéngt Enseignante sinn. Dat sollen och wierklech elo keng Chargés de cours sinn, wéi et an der Zäit och mol war. Ech denken, datt dat och Psychologe kënne sinn oder aner forméiert Spezialisten, déi dann op enger Dys-Dys-Problematik, op enger Verhalensopfälegkeet vum Kand intensiv, zesumme mat den Enseignanten aus der Schoul, kënne schaffen.
Max Theis: Mä wann Dir sot, vu 4 bis 5, et muss net ëmmer Méindes a Mëttwochs vu 4 bis 5. Wou kéint et da sinn?
Claude Meisch: Den Dag huet nëmme 24 Stonnen.
Max Theis: Leider.
Claude Meisch: Do kënne mir eis also net all Wonsch erfëllen. Mir mussen och kucken, wéi ass d’Liewenssituatioun vun de Familljen, vun de Kanner? Wat maache Kanner ausserhalb vun der Schoulzäit? Et gëtt ganz vill organiséiert Strukturen. Et gëtt och ganz vill am Veräinsliewen.
Max Theis: D’Iddi ass opkomm fir et Samschdes ze maachen.
Claude Meisch: Jo, ech denken och, datt mir mussen, mir hu jo haut nach Schoulen déi Samschdes fonctionnéieren, datt mir dat Ganzt musse mat enger gewëssener Flexibilitéit ugoen.
Ech ka mir net virstellen, och als fréiere Kommunalpolitiker, kann ech mir eigentlech net virstellen, datt ech elo higinn an en Horaire obligatoresch maache fir all Gemeng oder fir all Schoul am Land, well awer all Gemeng an all Schoul e bësselchen aneschters fonctionnéiert. Dat soll och am Geescht vun enger Autonomie communale kënne gekuckt ginn.
Wat mir wollte kucken, dat ass, datt mat méi enger laanger Schoulzäit, well mir vu 50 op 55 Minutten d’Leçon wëllen erop goen, fir d’Schüler méi laang an der Schoul kënnen ze halen, fir hinne méi Zäit kënnen ze ginn déi Matière ze verdauen, déi se do och gebuede kréien, fir ze kucken, ob dat iwwerhaapt geet.
Mir wëllen ënnert anerem och méi eng laang Paus maachen, well ech feststellen, datt de Schüler, d’Kand, an dat schonn heiansdo mat 6, 7, 8 Joer un, vu moies bis owes eigentlech an organiséierte Strukturen ass. Dat ass virun der Schoul den Accueil, dann ass et d’Schoul, dann ass et d’Maison relais wou een iesse geet, dann ass et rëm zréck d’Schoul, herno geet een Heem, et mécht een seng Hausaufgaben. Et ass also alles friembestëmmt während deem ganzen Dag. Vläicht musse mir wierklech och kucken, datt mir eng hallef Stonn Paus moies hunn, fir datt d’Kand och op d’mannst an där halwer Stonn do Kand ka sinn.
Max Theis: Ech sinn och leider friembestëmmt. Eis Zäit ass elo ofgelaf. Claude Meisch, Merci datt Dir de Moien hei waart.
Claude Meisch: Merci och.