D'Kapazitéite fir d'Educateurs-Formatioun eropsetzen: nei Perspektive fir en attraktive Beruff

Vun der Rentrée 2024/2025 u gëtt d'Educateurs-Formatioun am Enseignement secondaire général (Sektioun GED) och am Süde vum Land ugebueden, méi genee am Lycée Bel-Val (LBV).

©MENEJ Gruppefoto
Gruppefoto

An engems proposéiert d'École nationale pour adultes (ENAD), déi schonn déi beruffsbegleedend Educateurs-Formatioun an der Haaptstad ubitt, dës Formatioun och um Site vun Esch-Beval.

Kuerz a mëttelfristeg ginn och d'Kapazitéite fir d'Educateurs-Formatioun am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) zu Miersch ausgebaut.

Dës Neierungen huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch bei enger Pressekonferenz de 6. Mee 2024 annoncéiert, a Presenz vum Astrid Schuller, Direktesch vum LBV, Claudine Muller, Direktesch vum LTPES a Melanie Noesen, Direktesch vun der ENAD.

D'Educateuren, e Pilier vun der Gesellschaft

D'Educateure sinn a ville Beräicher am Asaz: Klengkandberäich, Persoune mat besonnesche Besoinen, Jugendlecher oder eeler Persounen. Am Bildungssystem sinn d'Educateuren e ganz wichtege Pilier an de Crèchen, Schoulen, Maison-relaisen a Jugendhaiser.

"De Beruff vum Educateur ass haut méi wéi jee e wichtegen an attraktive Beruff, net nëmmen am Beräich vun der Bildung, mee allgemeng fir d'Zesummeliewen zu Lëtzebuerg. Et ass e Beruff mat Zukunft. Dofir ass et wichteg, an d'Offer vun der Ausbildung vum Educateur ze investéieren an se auszebauen", ënnersträicht de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch.

Den Ausbau vun den Opname-Kapazitéite vun der Educateurs-Formatioun ass am Regierungsprogramm virgesinn genee wéi Moossnamen, déi eng Verstäerkung vum edukative Personal mat sech bréngen. Mat engem zweeten Intervenant fir Kanner vum Cycle 1 an der Grondschoul nieft dem Léierpersonal an der Upassung vum Personalschlëssel an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen soll nach besser op déi individuell Besoine vun all Kand agaange ginn.

Dräi Formatiounssiten: Esch-Belval, Miersch a Stad Lëtzebuerg

D'Educateurs-Formatioun, déi op der 2e ufänkt (2e GED respektiv 2e GEA an der beruffsbegleedender Formatioun) erlaabt et de Schüler, zwee Diplomer ze kréien:

  • den Ofschlossdiplom vum Secondaire no der Reussite vun enger 1re GED (bzw. 1re GEA an der beruffsbegleedender Formatioun);
  • de Staatsdiplom vum Educateur no engem ofgeschlossenem Zousazjoer, och "année terminale" genannt (oder 1re SGED-Klass respektiv 1re SGEA-Klass an der beruffsbegleedender Formatioun).

Vun der Rentrée 2024/2025 u gëtt d'Educateurs-Formatioun op dräi Siten zu Lëtzebuerg ugebueden. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend dreift esou d'Regionalisatioun vun der schoulescher Offer weider, fir se nach méi accessibel ze maachen.

Lycée Bel-Val

Den LBV start bei der Rentrée mat zwou 2e-GED-Klassen, déi ronn 50 Schüler kënnen ophuelen. D'Formatioun gëtt op Däitsch ugebueden a fënnt am Bâtiment Terres-Rouges statt, am Häerz vu Belval.

An dësem Gebai ginn och Klasse vun der Sektioun Sciences sociales (GSO) vun dësem Lycée ënnerriicht. Si preparéieren op d'Beruffsliewen oder op héijer Studien an de Beräicher vun den Human- a Sozialwëssenschaften.

Vun der Rentrée 2025/2026 u bitt de Lycée Bel-Val och d'Educateurs-Formatioun op Franséisch un.

D'Opname-Kapazitéite wäerten sech jee no Demande entwéckelen.

Lycée technique pour professions éducatives et sociales

Den LTPES bitt schonn zanter 50 Joer eng Educateurs-Formatioun un. Zur Rentrée 2023/2024 hunn 267 Schüler hir Educateurs-Formatioun op enger 2e GED ugefaangen. 298 Schüler sinn an d'Klasse vun der 1re GED ageschriwwen an 227 an d'Klasse vun der 1re SGED.

D'Opname-Kapazitéite vum LTPES wäerten och kuerz- a mëttelfristeg verstäerkt ginn. Momentan gëtt gepréift, wou déi zousätzlech Klassen installéiert kënne ginn.

École nationale pour adultes

D'ENAD proposéiert zanter dem Schouljoer 2015/2016 déi beruffsbegleedend Educateurs-Formatioun fir Persoune vu mindestens 21 Joer. D'Formatioun riicht sech un Erwuessener ouni unerkannte Beruffs-Qualifizéierung fir den Educateursberuff, déi awer schonn am edukativen oder soziale Beräich schaffen.

D'Admissioun ass op Dossier. Bei der Rentrée 2023/2024 goufe 36 Kandidaten an eng Klass 2e GEA opgeholl.

D'Opname-Kapazitéite fir d'Educateurs-Formatioun an der ENAD ginn och vun der Rentrée 2024/2025 un ausgebaut mat der Offer vun der beruffsbegleedender Educateurs-Formatioun op Däitsch um Site vu Belval. Vun der Rentrée 2025/2026 u bitt d'ENAD dës Formatioun och op Franséisch um Belval un.

Dräi Joer Formatioun, zwee Diplomer

Vollzäit-Formatioun

D'Klass 2e GED vum Enseignement secondaire général ass fir all Schüler zougänglech, deen eng 3e gepackt huet (am Enseignement secondaire classique oder général). Konditionell Admissioune sinn no Préiwung vum Dossier méiglech. D'Vollzäitformatioun op der GED-Sektioun ëmfaasst länger Stagen, déi Deel vum Léierplang sinn, an artikuléiert sech ëm véier Achsen: Kulturen, Sozialiséierung, Kommunikatioun a Biergerschaftserzéiung; edukativ a sozial Interventioun am Kader vum Entwécklungs- a Formatiounsprozess; organisatoresch an institutionell Entwécklung; perséinlech Entwécklung.

Beruffsbegleedend Formatioun

Den Opbau vun der beruffsbegleedender Educateurs-Formatioun (zwee Joer allgemeng Studien an eng "année terminale") ass ganz änlech wéi bei der Vollzäit-Formatioun.

Déi theoretesch Coursen an der Schoulzäit belafen sech op 16 Stonnen an der Woch un zwee Deeg noeneen.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert